Wéi fillt Dir Iech?
Angscht
"Eigentlech weess ech dass ech keng Angscht brauch ze hunn, awer ech kommen net dergéint un. Et ass méi staark ewéi ech."
Trauma
"Ech fillen mech a bestëmmten Situatiounen einfach blockéiert, sinn onfäeg ze handelen, wéi gelähmt. Kann mir selwer net hëllefen an fillen mech menger Situatioun ausgeliwwert."
Burnout
"Ech sinn platt, kréien mech fir näischt méi opgerappt an kommen net méi un."
Depressioun
"Ech sinn midd vun allem, wier am léifsten guer net méi do."
Wéi kënne mir zesumme schaffen?
Kierpertherapie
Gefiller (z.B. Trauregkeet) sinn ëmmer kombinéiert mat Empfindungen am Kierper (z.b. mäin Hals geet zou, ech spieren Drock am Broschtkuerf,...). Spieren wat grad am Kierper passéiert ass ee Wee fir un dat wat an eisen Zellen gespäichert ass erunzekommen an dat nees ze harmoniséieren.
Hypnose
Hypnose heescht no bannen goen an erem mat mir selwer an Kontakt kommen. Ech kréien op deem Wee Kloerheet wat fir mech richteg a wichteg ass.
Traumatherapie
Wann mir ee Schock erliewen wou mir keng Méiglechkeet hunn eis ze wieren oder aus der Situatioun erauszekommen (Accident, Stierffall, Gewalt, Mëssbrauch,...) dann bauen mir eis intelligent Strategien op fir dat ze packen: z.B. näischt méi spieren, weder Gefiller nach Kierperempfindungen. Dat huet eis deemools gehollef, déi Situatioun auszehaalen awer haut steet et eis am Wee, eist Liewen voll a ganz genéissen ze kennen. Traumatherapie léist déi iwerflësseg Strategien op.
Esou schaffen ech:
- Moßgeschneidert op di individuell Bedürfnisser.
- Et gi keng "Rezepter" déi ëmmer fonktionéieren, mir kucken zesummen waat daat Richtegt fir Iech ass, wat am beschten passt an wat Iech hëlleft dohin ze kommen wou Dir hin wëllt.
- Meng psychotherapeutesch Haltung baut op Respekt, Achtsamkeet an Offenheet op.
Iwwert mech:
Diplom-Psychologin, agreéiert Psychotherapeutin an Hypnose-Therapeutin mat iwwert 30 Joer Berufserfahrung. Seit 2003 an eegener Praxis fir Erwuessener, Jugendlecher an Kanner zu Lëtzebuerg. Ech hunn ausserdem Erfahrung an der Jugendarbescht, Suchtpräventioun, therapeutescher Interventioun bei häuslecher Gewalt, souwuel wéi an der Formatioun fir Elteren, Enseignanten an Educateuren.
Ausbildung a Fortbildungen
- Ofschloss Diplom-Psychologin, Uni Trier, 1988
- 2007: Biologisches Dekodieren, Angela Frauenkron-Hoffman - Inhalt: Neurobiologie, Diagnose Konflikt, sekundäre Konflikte, biologesch Zyklen, Sabotage-Programm
- 2010-2011: Modulare Tiefen-Hypnose, Dirk Treusch, Darmstadt. Aufbauend auf Milton-Erickson, Heidelberger Schule
- 2011: Fachausbildung mit Abschluss in Hypnose-Therapie an der National Guild of Hypnotists (NGH), der größten und ältesten Hypnose-Gesellschaft der Welt.
- 2013-2014: TIPI, "technique d'identification des peurs inconscientes", Luc Nicon, Paris
- 2015-2016: Qi, Quantenintelligenz, Klaus Medicus, München. Das Geheimnis intelligenter Zellen, eine Kombination von Zellbiologie und Quantenphysik.
- 2016-2017: Psychothérapie du trauma réassociative, PTR, Hypnose conversationnelle stratégique, Gérald Brassine, Belgique.
Beruffleche Wee
-
Eegen Praxis seit 2003
- SNJ, Ministère de la Jeunesse, 1988 - 1995
- CePT, Centre de prévention des toxicomanies, 1995-2004
- ALTERNATIVES, Profamilia, 2016-2019
- SOS Kannerduerf Miersch, 2019-2021
RDV ufroen:
- (+352) 691 45 37 55
- nhentzen@pt.lu
- 21, rue d'Arlon, 7412 Bour, Lëtzebuerg