Liewensloscht nei opbauen. 

Hëllef bei Angscht, Trauma, Burnout an psychosomateschen Problemer.

Wéi fillt Dir Iech?

Ängschten

Angscht

"Eigentlech weess ech dass ech keng Angscht brauch ze hunn, awer ech kommen net dergéint un. Et ass méi staark ewéi ech."

Trauma

"Ech fillen mech a bestëmmten Situatiounen einfach blockéiert, sinn onfäeg ze handelen, wéi gelähmt. Kann mir selwer net hëllefen an fillen mech menger Situatioun ausgeliwwert."

Burnout

"Ech sinn platt, kréien mech fir näischt méi opgerappt an kommen net méi un."

Depressioun

"Ech sinn midd vun allem, wier am léifsten guer net méi do."

Wéi kënne mir zesumme schaffen?

Kierpertherapie

Kierpertherapie

Gefiller (z.B. Trauregkeet) sinn ëmmer kombinéiert mat Empfindungen am Kierper (z.b. mäin Hals geet zou, ech spieren Drock am Broschtkuerf,...). Spieren wat grad am Kierper passéiert ass ee Wee fir un dat wat an eisen Zellen gespäichert ass erunzekommen an dat nees ze harmoniséieren.

Hypnose

Hypnose

Hypnose heescht no bannen goen an erem mat mir selwer an Kontakt kommen. Ech kréien op deem Wee Kloerheet wat fir mech richteg a wichteg ass.

trauma

Traumatherapie

Wann mir ee Schock erliewen wou mir keng Méiglechkeet hunn eis ze wieren oder aus der Situatioun erauszekommen (Accident, Stierffall, Gewalt, Mëssbrauch,...) dann bauen mir eis intelligent Strategien op fir dat ze packen: z.B. näischt méi  spieren, weder Gefiller nach Kierperempfindungen. Dat huet eis deemools gehollef, déi Situatioun auszehaalen awer haut steet et eis am Wee, eist Liewen voll a ganz genéissen ze kennen. Traumatherapie léist déi iwerflësseg Strategien op.

Esou schaffen ech:

Iwwert mech:

Diplom-Psychologin, agreéiert Psychotherapeutin an Hypnose-Therapeutin mat iwwert 30 Joer Berufserfahrung. Seit 2003 an eegener Praxis fir Erwuessener, Jugendlecher an Kanner zu Lëtzebuerg. Ech hunn ausserdem Erfahrung an der Jugendarbescht, Suchtpräventioun, therapeutescher Interventioun bei häuslecher Gewalt, souwuel wéi an der Formatioun fir Elteren, Enseignanten an Educateuren.

Ausbildung a Fortbildungen

Beruffleche Wee

RDV ufroen: